D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Struktur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld bidd, een diploméierten Erzéier oder een Infirmier pédiatrique (w/m/x) - CDI - 20 oder 30 Stonnen / Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
An eiser Struktur d’accueil zu Diddeling, ass et an der Responsabilitéit vum graduéierten Erzéier, 3 Mammen ze begleeden bei:
- der Emsetzung vun hirem „ Projet de vie“ mam Kand.
- der Organisatioun vum Alldag.
- dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung
- der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand.
Obligatoresch Ufuerderungen
- Diplom als diploméierten Erzéier oder Infirmier pédiatrique (an d'Autorisation d'exercer)
- Berufflech Erfarung an engem ähnlechen Beräich hun
- Beherrschung vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass onverzichtbar
- Flexibel an den Schaffzäiten sinn
- Excellent relationel an kommunikativ Kompetenzen hunn
- Souwuel alleng wéi och an enger Équipe schaffen kennen
- Gudd redaktionnell an organisatoresch Kompetenzen hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.
$ads={1}